Haus vun de Kanner Sandweiler

Dat Besonnegt bei ons am „Haus vun de Kanner“ ass, datt formal a non-formal Bildung sech an enker Zesummenaarbecht fir d’Kanner engagéieren. Dest ass ee bis elo eemolege Projet an dëser Form am Land.

Mir hunn gemeinsam, mat der Ënnerstëtzung vun der Mme Anja Hartmann, ee Konzept erschafft, dat ennert anerem virgesäit datt:
- D’Konzept vum „kompetente Kand“ am Mëttelpunkt steht.
- Mir a Funktiounsräim schaffen, déi souwuel vun der formaler souwéi vun der non-formal Bildung benotzt ginn.
- D’Kanner am Fräispill tëschend deene verschiddene Funktiounsräim, déi opsinn, wielen kennen an dee selweschte System fir d’Zäit an der „Maison Relais“ gellt.
- Mir festgeluechten Transitiounsphasen, an deenen d’Kanner vun der „Schoul“ an „d’Maison Relais“ wiesselen, notzen, fir kuerz aktuel a wichteg Informatiounen iwwert d‘ Kanner auszetauschen. Fir d’Kanner ass de Wiessel fléissend, well si net brauchen d’Gebäi ze wiesselen an do ofgeholl ginn, wou si grad sinn.
- Mir regelméisseg gemeinsam Concertatiounen hunn, fir ze reflektéieren, ze organiséieren an ons iwwert d’Kanner auszetauschen.
- Mir 1x am Joer fir all Kand gemeinsam ee Bilansgespréich halen.
- Onse Schwéierpunkt op der Beobachtung vun de Kanner an de Funktiounsräim läit, fir esou erauszefannen wéi mir des als 3. Pädagogue beschtméiglest kennen ariichten.
- Mir gemeinsam Fester feieren an zesumme mat de Kanner op de Schoulausflug ginn.
- Mir een enken Informatiounsaustausch mat den Elteren hunn.
- All d’Parteien aus onsem „Haus vun de Kanner“ an déiwem Respekt mateneen ëmginn.
Mir hu bis elo ganz positiv Erfahrungen mat der Emsetzung vun onsem Konzept gemaach a mir hoffen a wënschen ons, sou vill ewéi méigleg Kolleegen ze inspiréieren, dese Wee anzeschloen.

Wann Dir Froen zu dëser Kooperatioun tëschent der Grondschoul an der Maison Relais hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech beim: hausvundekanner@sandweiler.lu