Ons éischt Formatioun zum Thema “Gemeinschaftlech schaffen a Funktiounsraim” war fir ons als Equipe vu Schoul a Maison Relais eng ganz schéin Erausfuerderung, well d’Konzept eng komplett aner Form vu Schaffen an Zesummenaarbecht opgewisen huet.
De Schratt fir ee passend Konzept fir dës Aarbechtsweis opzestellen ass gelongen, andeems mir een Aarbechtsgrupp gegrënnt hunn aus enger selwechter Unzuel Leit aus der Schoul an aus der Maison Relais. Dësen Aarbechtsgrupp ass vun engem externe Coach moderéiert ginn.
Ee Joer laang huet d'Equipe vum C1 mat der Equipe vun der Maison Relais experimentéiert wéi vill Oppenheet beim Schaffe fir si genee richteg ass. Zënter der Rentrée 2018/2019 schafft d’Schoul an d’Maison Relais gemeinschaftlech an de Funktiounsraim. Wat an engem Moment fir d'Kanner d’Kantin ass, ass de selwechte Raum fir d’Schoul an d’Maison Relais d'pädagogesch Kichen.
All Funktiounsraum huet eng verantwortlech Persoun aus der Schoul an eng aus der Maison Relais. Zesummen evaluéiere si reegelméisseg de Raum fir ze kucken ob Material gebraucht gëtt, ob de Raum an dem Zoustand ass wéi e sollt sinn. Bei de gemeinschaftlech genotzte Raim gëtt zesummen iwwerluecht wat fir ee Material oder Mobilier bestellt gëtt. Et ass net méi “mäi Musekssall” mee onsen.
Wann eng Iddi do ass fir eppes anescht ze gestalten, gëtt dat matgedeelt a sech doriwwer ausgetosch. Domat dat geléngt gëtt et eng gedeelte Responsabilitéit bei de Funktiounsraim. Zesumme mat de Kanner si Reegelen opgestallt gi wéi d'Raim benotzt a fir deen aneren hannerlooss ginn.
Fir ons als Equipe heescht Kooperatioun een intensiven Austausch mat enger reegelméisseger Permanence an enger géigesäiteger Präsenz bei de Plenièren an an de Cycle-Versammlungen. Mir garantéieren een optimalen Transfert tëschent der Schoul an der Maison Relais duerch ee géigesäitegen Informatiounsaustausch zu der Situatioun vun de Kanner, zum Beispill wien ass an der Maison Relais ofgemellt oder wien ass krank. Des Infoen si fir d’Organisatioun wichteg an och fir d’Wuelbefanne vum Kand, sollt eppes geschitt sinn. D’Personal aus der Maison Relais geet d’Kanner an d’Schoul sichen.
Duerch gemeinsam Formatioune krute mir méi enk a perséinlech Relatioun am Alldag. Mir hunn ons virdru kannt, awer och net wierklech kannt! Soulaang d’Equipe sech ënnert enee net kennt, kann een och kee Projet zesumme maachen. D’Presidentin vun der Schoul an d’Chargée vun der Maison Relais bleiwen d’Haaptpersoune wat d’Kommunikatioun tëschent den zwee Bildungsberäicher ubelaangt.
Wann Dir Froen zu der Kooperatioun tëschent der Grondschoul an der Maison Relais hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech op: kooperatioun-bildung@script.lu