Zu Suessem-Belval entsteet e neie “Kannercampus”, en Areal op deem formal a non formal Bildung Hand an Hand goe wärten. Zanter Ufank 2018 besteet ee neien Aarbechtsgrupp, deen dëse Projet wärend senge verschiddene Phase realiséiert, bis déi nei Bildungsariichtung fir d’Rentrée 2020 a Betrib geholl gëtt. LéierInnen a SozialpädagogInnen an dësem Grupp schaffen den Ament un engem pädagogesche Konzept mat der Begleedung vun engem externe Coach.
An engem éischte Schrëtt war et wichteg ze klären, wien iwwerhaapt betraff ass an dofir mat um Dësch sëtzen soll oder zumindest reegelméisseg iwwer d’Entwécklung vum Projet soll informéiert ginn: Enseignanten, Regionaldirektioun, Educateuren/tricen, Chargé/e vun der Maison relais a GemengevertriederInnen.
Soubal dës Acteuren identifizéiert waren, konnten hir Erwaardungen, Wënsch a Besoinen, awer och hir Responsabilitéite gekläert ginn. Wichteg ass et an dësem Prozess keen zréckzeweisen a jiddereen sou gutt wéi méiglech bei der Argumentatioun vu sengem Standpunkt ze ënnerstëtzen.
Den externe Beroder spillt wärend dësem Prozess eng wichteg Roll: Hien huet en objektive Bléck op dat Ganzt, strukturéiert de Prozess an encouragéiert de Grupp duerch Hannerfroe fir hir Iddien ze konkretiséieren an dréit sou zu der Entwécklung vun enger Kultur vun Engagement an Eegeverantwortung bäi. Och d’Ënnerstëtzung beim Projektmanagement fir d’Ausschaffe vu Meilesteng, d’Aarbechtsopdeelung an Echeancë war hëllefräich.
Den Aarbechtsgrupp besteet aus engem Kärgrupp vun ongeféier 10 Leit. Si deelen sech op a verschiddene Komiteeën, an deene jeeweils ee Member vum Kärgrupp vertrueden ass, fir datt d’Kommunikatioun tëschent den ënnerschiddleche Gruppe ka fléissen (dëst ass besonnesch wichteg fir déi zäitlech Ofstëmmung vun den eenzele Schrëtt). D’Leit an der Kärgrupp engagéieren sech fir spéiderhin an der Ariichtung ze schaffen. An de Komiteeë gi Proposen zu hirem gewielten Themeschwéierpunkt ausgeschafft, déi Bestanddeel vum pädagogesche Konzept sinn. Dës Proposen ginn zréck an de Kärgrupp, hei ginn se diskutéiert an et gëtt eng Decisioun geholl, wat fir d'pädagogescht Konzept zréckbehale gëtt. Och hei gëtt op en oppenen a konstruktiven Austausch gesat an all Kritik vun de Bedeelegten gëtt als Ureegung verstan.
Fir eng gréisstméiglech Transparenz ze garantéieren, gëtt de Prozess (schrëftlech) dokumentéiert a fir all Bedeelegt zougänglech gemaach. D’Spriecherin vum Aarbechtsgrupp ass responsabel fir d’Rapporten ze schreiwen an ze verdeelen; si iwwerhëlt och d’Moderatioun vun de Reuniounen an ass Uspriechpersoun fir Acteure vu baussen. Verantwortung iwwerhuele bedeit nämlech och Rapporte liesen an sech op Reunioune virbereeden an dës Aarbecht soll sou liicht wéi méiglech falen.
Den Engagement am Aarbechtsgrupp fënnt no der regulärer Aarbecht statt a kascht deementspriechend Energie. Eng vun de gréissten Erausfuerderungen ass et also dës ze geréieren. E kloren Oflaf fir d’Reuniounen a Reegele fir d’Kommunikatioun suergen dofir datt jiddereen seng Aufgabe kennt an am Bild ass, wat grad usteet. Ausserdeem schued et der Motivatioun net sech heiansdo op d’Schëller ze klappen a kleng Succèsen och ze feieren! Dat ass net nëmme gutt fir d’Energie, mee och fir den Zesummenhalt am Grupp.
Wann den Aarbechtsgrupp sech och als Equipe fonnt huet, ass e weidere Schrëtt gutt Relatiounen an d’Kommunikatioun no baussen opzebauen. D’Schouldirektioun, d’Gemeng an de Ministère si wichteg Acteuren, déi sollen um Lafende gehale ginn a kënnen e wäertvollen Input bréngen. Hei ass et gutt jeeweils eng Uspriechpersoun an der jeeweileger Struktur ze identifizéiere fir datt d’Kommunikatioun sou onkomplizéiert wéi méiglech ka lafen.
Een Deel vun der Equipe ass op Hamburg geflu fir do an dräi Grondschoule mat ënnerschiddleche pädagogesche Schwéierpunkten ze hospitéieren. Am Austausch mam Personal a mat de Schouldirektioune konnten si Andréck an Erfarunge mathuelen, déi fir hier pädagogesch Grondlag vum Kannercampus relevant sinn.