script logo
Kooperatioun Bildung Logo

Adam Roberti

Maison Relais an d'Classe spécialisée d'accueil de l'État

E Start ënnert erschwéierte Konditiounen


Déi schoulesch Betreiung vun der Classe spécialisée d’accueil de l’État (CSAE) Adam Roberti gëtt duerch de lëtzebuergeschen Educatiounsministère organiséiert, d’Betreiung am non formale Bildungsberäich vun der Croix Rouge. Hier éischt Erfarunge mat der Kooperatioun tëscht Schoul a Maison relais hunn déi zwou Equippen 2016 ënnert erschwéierte Konditioune gemaach: Duerch déi politesch Situatioun huet d’Zuel an d’Präsenzdauer vun de Kanner extrem variéiert (15 Kanner um Ufank vum Schouljoer, 100 um Ënn vum Joer 2016). Fir d’LéierInnern an dat edukatiivt Personal aus der Maison relais war et emotional oft schwéier, wa Kanner a Famille vun engem Dag op deen anere fort waren a keen Äddi-soe méiglech war. 

Mam Zil der Kooperatioun an Zukunft méi eng staark Struktur ze ginn a fir eng méi kloer Rolleverdeelung am Alldag ze suergen, ass 2017 e Steiergrupp zesummekomm, mam Coordinateur vun de CSAE (Fernand Koch), dem Charge de direction adjoint vum Service Maisons Relais et Crèches vun der Croix-Rouge (Cliff Hever), der Responsabel vum Site Adam Roberti (Lisa Koch) an der Coordinatrice vun der Schoulequipe (Martine May). An dräi methodesch geleeten a moderéierte Reuniounen huet de Grupp e Leitbild, en Zil op dat si hi schaffe wëllen, ausgeschafft an sech mat eventuelle Konflikter ausernee gesat.

„Et ass enorm wichteg, dass an dësem Prozess all Begrëff op seng Bedeitung hin gepréift gëtt, soss si spéiderhin um Terrain an am Alldag d’Mëssverständnesser virprogramméiert!“

An engem zweete Schrëtt hat all Acteur/e aus Maison relais a Schoul an enger Plénière d’Méiglechkeet fir seng/hier Meenung zu de Resultater ze soen an Ännerungen oder Ergänzunge beim laangfristegen Zil anzebréngen. Duerno hunn déi Responsabel vu Maison relais a Schoul mat der Equipe geplangt, wéi si a klenge Schrëtt am Alldag dat laangfristegt Zil erreeche wëllen.
 

 

Sou gesäit Kooperatioun haut bei eis aus:


D’Equipe orientéiert sech bei hirer Aarbecht no folgendem Leitbild:

 „Mir wëllen mat Freed, mat de Kanner schaffen a mat hinnen eng stabil Bezéiung opbauen. Mir wëllen d’Kand a senger Entwécklung begleeden an ënnerstëtzen an him eng ganzheetlech Bildung erméiglechen. Des Schrëtt setze mir als Ekipp ëm a zéien un engem Strang an eng Richtung.”

Bis zum Ënn vum Schouljoer 2017 huet d’Kooperatioun tëschent der Schoul an der Maison relais sech sou agependelt, datt all Educateur/Educatrice fixe an engem Zykle matschafft. Wärend de Stonnen am Nomëtteg vun 13h20-15h10 schaffen d’Enseignanten an d’edukatiivt Personal zesummen an engem Zykle.

Betrieb an der Schoulzäit (36 Wochen am Joer)                                                   Betrieb an der Vakanzenzäit

 

 

 

 

 

Gréng:  formal Bildung (Schoul)
Blo:       non-formal Bildung (Stil Maison Relais)
Rosa:    formal/non-formale Offer, gemëscht Equippen
Wäiss:   keng Offer (Mëttesstonn: bei den Eltern)

RS: Concertatioun tëscht Pädagogen an Enseignanten (all 2 Wochen)

D’Equipe vun engem Zykle sammelt Iddien an da ginn d’Aufgabe fir d’Organisatioun vun de Léierprojeten am Sënn vun den individuelle Stäerkte vum Personal verdeelt. Fir d’Duerchféierung vum Projet ass et dann nach eng Kéier wichteg, d’Rolle kloer ofzeschwätzen an déi gesammelt Erfarungen och ze dokumentéieren.

Am Zykle 2 gouf et zum Beispill en Theaterprojet zur “Raupe Nimmersatt”. Am Virfeld bedeit dat, sech iwwer de sproochlechen Niveau a méiglech Themen ofzeschwätzen, z.B. Faarwen, Uebst, Wochendeeg asw. Den/D’Enseignant/e an den/d’Educateur/trice concertéieren sech eemol d’Woch fir d’Ëmsetzung ze organiséieren: An der Schoul gëtt den Text opbereet an d’Rolle gi verdeelt, an der Maison relais ginn d’Kostümer entworf a realiséiert. Zesumme gëtt duerno den Text mat de Kanner an zwou Gruppe geléiert.

"Wann et bei ons rabbelt, dann opgrond vun den äusseren Ëmstänn, mat deene mir flexibel mussen ëmgoen, wéi zum Beispill d’Onsécherheet vun der Aarbechtsplaz opgrond vun de Fluktuatiounen vun de Kanner. Et sinn och d’Imprevuen opgrond vun der instabiller politescher Situatioun vun den Elteren, déi den Alldag an der Equipe och mol schwéier maachen."  

 

Sou geet et bei eis weider:


"Ons Kooperatioun am Alldag klappt well mir motivéiert Enseignanten an ErzéierInnen sinn. Mir ënnerstëtzen ons géigesäiteg am Alldag an ons Atmosphär bei ons am „Gebai“ ass éischter familiär."

D’Equipe wëll un hirer Aart a Weis festhalen an a klenge Schrëtt hiert Leitbild weider ëmsetzen. Wichteg ass dobäi, Aktivitéiten a Rolle kloer opzedeelen, dat Enseignanten an Educateuren/Educatricen de selwechte Stellewäert an der Klass hunn, dat sech ofgeschwat an zesumme geplangt gëtt an dat an der Vitesse, déi dee Moment méiglech ass.

„Mir hu kee fixe Modell, mir maachen Erfarungen!”