Eng Kooperatioun tëscht zwou Ekippen op ënnerschiddleche Site bréngt e puer Erausfuerderunge mat sech. De Kontakt ass net automatesch an am Foyer sinn net just Kanner aus der Schoul Gaston Diderich. Et brauch gudde Wëlle vu béide Säiten an eng aktiv Aarbecht fir d’Bezéiung opzebauen an oprecht ze erhalen. Lues a lues entsteet sou eng Kultur vun Austausch.
D’Schoul an de Foyer hunn zwou ënnerschiddlech Perspektiven op d’Kand déi si duerch d’Kooperatioun zu engem ganzheetleche Bléck zesummefüge kënnen. Dëst Verständnes vum Kand kann da mat den Eltere gedeelt ginn an mat hirem Point de vue kompletéiert ginn. De kontinuéierlechen Informatiounsaustausch suergt dofir dat kee Kand erausfält. D’Kand ass den Haaptgewënner vun der Kooperatioun.
“Zesummeschaffe bréngt méi Iddie wéi wann een eleng als Schoul oder als Foyer wierke muss.” (Presidentin Grondschoul)
"D’Perspektiv vun der Ganzheetlechkeet op d’Kand kritt ee just wann een op enee ofgestëmmt ass. Et kann een e Kand net opfänke wann een net weess wat et un d’Fale bréngt.”
(Chargé de direction, Foyer Merl)
Kooperatioun 01 from SCRIPT on Vimeo
Um Ufank vum Schouljoer stellen d’Educateuren an d’Educatricen sech an de Schoulklasse vir. D’Schoulpresidentin ass do mat dobäi. Bei dëser Geleeënheet ginn och Telefonsnummeren ausgetosch an et gëtt eng Noutfallnummer falls eppes géif geschéien. De Kontakt tëscht dem Léierpersonal an dem Personal aus dem Foyer gëtt via Handy an E-Mail geregelt.
Bei oppene Froen oder Problemer mat den Elteren tauschen d’Schoul an de Foyer sech aus, zum Beispill wann et ëm d’Definitioun vun der Hausaufgabenhëllef geet. D'Personal aus dem Foyer ass och bei de Bilansgespréicher mat den Elteren mat dobäi. Eemol am Joer treffen den Elterecomité vun der Schoul, de Schoulcomité an d’Personal vum Foyer sech fir sech auszetauschen. Elterenowenter oder Konferenzen zu bestëmmten Themen, zum Beispill bei "Bewegung" ginn zesummen organiséiert.
Sech bei Fester an aneren Aktivitéite géigesäiteg ënnerstëtze mécht et och no baussen, zum Beispill fir d’Elteren, méi kloer datt Schoul a Foyer zesummeschaffen.
Informatiounsaustausch iwwer d’Kanner wann d’Educateuren/Educatricen d’Kanner sichen oder zeréckbréngen
Austausch zum Plan de développement de l'établissement scolaire (PDS) an zum Concept d'action général (CAG)
Austausch iwwer Regelen: “Wéi tickt dir? Wéi ticke mir?” – D’Kanner kënnen net méi eng Ekipp géint déi aner ausspillen
Béid Ekippen invitéieren sech op hier jeeweileg Feieren
Zanter der Rentrée 2017/2018 huet d’Schoul Gaston Diderich een eegene Foyer mat enger neier Direktioun. Elo gëllt et also eng nei Bezéiung opzebauen.
Kooperatioun 02 from SCRIPT on Vimeo.
Wann Dir Froen zu der Kooperatioun tëschent der Grondschoul an dem Foyer hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech beim: kooperatioun-bildung@script.lu