script logo
Kooperatioun Bildung Logo

Billek

Zwee Bildungsberäicher an engem Gebai

 

Mat enger pragmatescher Approche a Richtung Kooperatioun


 

De Syndicat Billek, dee souwuel d’Schoul wéi d’Maison Relais geréiert, ënnerstëtzt d’Kooperatioun um Site. D’Raimlechkeeten vun der Schoul a vun der Maison Relais ginn aneneen iwwer, sou dat den Alldag vill Geleeënheete fir den Austausch tëscht den zwou Ekippe mat sech bréngt. Am Ufank gouf et festgeluechten Reunioune fir sech auszetauschen, mëttlerweil ginn dës nëmmen nach bei Bedarf organiséiert.

Jidderee probéiert säin Optrag als Léierpersoun oder als Educateur/Educatrice beschtméiglech ze erfëllen. Géigesäitegt Bescheedsoen an Informatiounsaustausch sinn dobäi eng Selbstverständlechkeet.

 

“Kooperatioun ass fir ons eng Normalitéit. Et ass fir ons selbstverständlech, dass mir ons géigesäiteg Bescheed soen, wann sech Kanner ofmellen, sief et an der Grondschoul oder an der Maison Relais, oder wichteg Infoen austauschen, déi d’Kanner betreffen” (Ekipp Billek).

 

Sou gesäit Kooperatioun bei eis aus:


Gemeinsam genotzte Raimlechkeeten

D’Schoul an d’Maison Relais notzen d‘Kichen an de Bastelraum.

 

 

D’Kanner kennen d’Personal aus der Maison Relais, och wann si net do ageschriwwe sinn.

D’Personal vun der Maison Relais stellt sech den éischte Schouldag am C1 an C2 vir.
Si intervenéieren och während der Schoulzäit, zum Beispill beim Schwammen oder wann eenzel Kanner eng méi intensiv Betreiung brauchen.
Si si bei Kolonien an aneren Ausflich dobäi.

 

Flexibel Gestaltung vun Austausch an Zesummenaarbecht

A Plaz vu feste Concertatioune probéiert d’Ekipp souvill wéi méiglech ze kläre wann si sech am Alldag begéinen.
Bei Elteren- an Zykelversammlungen hëlt d’Personal vun der Maison Relais, jee no Bedarf, deel, sou dat den Austausch vun Informatioune garantéiert ass an d’Elteren och eng aner Vue op hiert Kand kréien.
Den Asaz vu enger méi intensiver Betreiung gëtt jee no de Besoine vun de Kanner tëscht dem Personal gekläert.
Nei Iddie ginn sech géigesäiteg virgestallt an diskutéiert. Et gëtt näischt gemaach wat net ofgeschwat ass.

Den Accueil gëtt vun den Educateuren/Educatricen am Précoce iwwerholl. Dëst am Kader vun hiren 102 “heures d’activités socio-éducatives”.

 

Sech ofschwätzen am Alldag

D’Schoul mécht d’Surveillance an d’Maison Relais iwwerpréift op all Kand am richteg Bus fir Heem setzt oder an d’Maison Relais muss.

 

Aktivitéiten a Fester gemeinsam plangen an duerchféieren

One Schoulgaart, onse Schoulhaff an ons gemeinsam Sortien an de pädagogesche Bësch,
Ons Chrëschtfeier, Ofschlossfeier vum Joer, den “charity cross” an an an...
Eemol an der Woch bidde mir Atelieren un fir d’Kanner alleguer. Fir d’Léierpersonal aus der Schoul ginn des Atelieren am Kader vum “appui pédagogique” duerchgefouert. Fir d’Kanner aus der Maison Relais sinn des Atelieren ausserhalb vum Chèque-Service.

 

Sou wëlle mir weiderfueren:


 

De Kanner dat beschtméigleschst Encadrement bidden

Et ass wichteg, datt d’Informatiounen tëscht den Ekippe fléissen iwwer d’Kanner, iwwer hiert Doheem an d’Situatioun an der Famill an dat d’Kanner sech wuelfillen. Gutt Bezéiungen an der Ekipp bedeiten datt d’Personal sech ka voll a ganz senger Aufgab widmen an sech dobäi géigesäiteg ënnerstëtzen. D’Iwwergäng fir d’Kanner sollen sou fléissend wéi méiglech sinn.

 

Hannerfroe vun der Routine

Sou wichteg d’Konstanz beim Personal an allgemeng eng gewësse Stabilitéit ass, déi den Erwuessenen a Kanner Sécherheet gëtt, sou wichteg ass et och gewëss Routinen heiansdo ze hannerfroen. Et geet drëm sech ëmmer nees bewosst ze maachen, firwat ee Saachen sou mécht wéi ee se mécht, dat hëlleft och bei der Motivatioun.

 

Wann Dir Froen zu der Kooperatioun um Billek hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech op: kooperatioun-bildung@script.lu