script logo
Kooperatioun Bildung Logo

Gonnereng

SEA/Précoce

Schrëtt fir Schrëtt a Richtung Kooperatioun


D’Schoul an den SEA waren zu Gonnereng schonn an engem Gebai ier et eng offiziell Kooperatioun gouf. Sou konnten d’Equippen sech während gemeinsamen Aktivitéiten a Gespréicher kenneléieren.

Éischt Erfahrunge goufe gesammelt a vu Januar 2015 un huet sech all Mount fir zwou Stonnen en Aarbechtsgrupp (d’Gemeng, de Chargé vun der SEA, zwou Equippen, den Instituteur Ressource, den Inspekter an de President vun der Schoul) getraff an un engem Konzept gefeilt. Bei der Rentrée 2015/2016 gouf dëst Konzept dunn eng éischte Kéier am Alldag ëmgesat. Dëse Virlaf war wichteg fir all d’Acteure mat an d’Boot ze huelen a fir datt en Team konnt zesummewuessen.

 

“D’Kooperatioun bréngt sou munch Erausfuerderunge mat sech, déi net ze ënnerschätze sinn: et kann een se net iwwer de Knéi briechen, d’Equipe brauchen Zäit fir sech kennenzeléieren an zesummenzewuessen. Concertatiounen an der Equipe sinn immens wichteg, mee opgrond vun den ënnerschiddlechen Aarbechtsrealitéite vun den zwou Equippen ass et net einfach Zäit duerfir ze fannen.”

 

Sou gesäit Kooperatioun bei eis aus:


 

Vill Kommunikatioun fir gemeinsam Ziler

Béid Equippen sinn sech eens, datt de Projet soll eng Plus-value fir d'Kand duerstellen. Fir kënne gutt zesummen ze schaffen, ass et wichteg sech ofzeschwätzen, zesummen ze plangen, Iddien auszetauschen, een deem aner nozelauschteren. All Woch gëtt zesumme geplangt a gestalt. Nieft dem informellen Austausch, gëtt et all Woch zwou festgeluechte Stonne Concertatioun fir sech iwwer d'Planung an d'Kanner auszetauschen (Mëttwochs vun 12 bis 14 Auer).

 

Gemeinsam Gestaltung vu verschidde Plagen am Horaire

Den Accueil ass vu 7-8 Auer an de Raimlechkeete vum Précoce: Mir gestalten all Moien zesummen ons Atelieren an eemol an der Woch maache mir zesummen eng Sortie an de Bësch.

 

En harmoneschen Alldag fir d’Kanner

D’Kanner solle mat enger begrenzter Zuel un ëmmer de selwechten Encadranten ze dinn hunn. Et gëlle bei jidderengem déi selwecht Regelen.

Duerch d’Atelieren hunn d’Kanner d’Méiglechkeet a méi klenge Gruppen, sechs bis siwe Kanner, zesummen ze sinn. Si kënnen sou anescht ënnert enee agéieren a fannen och méi Rou. An enger Woch kënnen si 3 Atelieren duerchlafen.

 

Sech ënnerstëtzen a vun enee léieren

Duerch d’Offer vu gemeinsamen Ateliere ginn et méi Ressource beim Personal a méi Méiglechkeete fir d’Kanner ze beobachten an ze dokumentéieren. Wann een sech iwwer Beobachtungen austauscht, kann een sech géigesäiteg beroden an et kënnt een op ënnerschiddlech Iddien a Léisungen. Bei de Bilanen zum Beispill gëtt d’Personal aus dem SEA e Feedback an d’Léierpersonal léisst dëse beim Schreiwe vum Bilan mat afléissen.

 

Zesummenaarbecht mat anere Partner

Eng Begleedung vum Projet kann eng wichteg Stäip fir d’Membere vun der Equipe sinn. Een Aarbechtsgrupp trëfft sech dofir regelméisseg mat Vertrieder vu Schoul, SEA a Gemeng. Eng gutt Zesummenaarbecht mat der Gemeng ass wichteg fir e beschtméiglechen Oflaf am pädagogeschen Alldag ze garantéieren.

 

Eenheetlech Informatioun vun den Elteren

D’Eltere wëssen dat hier Kanner duerchgängeg vu 7 bis 19 Auer an engem Kader betreit ginn. Si kréien eng Informatioun egal op wéi enger Plaz si froen, well d’Equippen sech um Lafenden halen.

 

Sou wëlle mir weiderfueren:


 

  • Wann d’Maison Relais an d’Schoul ënnert engem Daach sinn, muss d’Gebai fir déi zwee Bildungsberäicher anescht geplangt ginn wéi just mam Fokus op Schoul. D’Kanner brauche Plaz fir ze schlofen, et brauch Plaz fir extern Leit wéi de/d'Psychomotricien/ne oder den/d'Orthophonist/in. Et brauch och Raim fir a klenge Gruppen Aktivitéiten duerch ze féieren.
  • Et wier nëtzlech wann d’Gesetzeslag zu der Responsabilitéit géif gekläert ginn. Den Ament ass et schwéier flexibel ze sinn, well d’Responsabilitéit an der formeller Zäit ëmmer bei der Léierpersoun läit an d’Educateuren/ Educatricen net kënnen op eege Verantwortung eppes mat de Kanner maachen.
  • D’Participatioun vun der Schoul am Entretien fir d'Personalastellung beim SEA ass gewollt, awer net ëmmer machbar, well den SEA heiansdo séier agéiere muss.

 

Wann Dir Froen zu der Kooperatioun hutt oder mat der Equipe a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech beim: kooperatioun-bildung@script.lu