script logo
Kooperatioun Bildung Logo

Capellen

Schaffen a Funktiounsraim  - Zesummenaarbecht am Cycle 1

Ee Gebai - ee Konzept  


An engem gemeinsame “projet d’école” huet de ganzen C1, also Précoce a Spillschoul, sech e Konzept fir hir Zesummenaarbecht ginn. Vu dat d’Schoulgebai zu Capellen nei entstanen ass, konnt d’Equipe sech op Basis vun hirem pädagogesche Konzept zesumme mam Architekt ideal Konditioune schafe fir hir Visioun vu Kooperatioun ëmzesetzen (nee, mir haten zwar e gewëssent Matsproocherecht, mee alles vun de Funktiounsraim koum méi spéit.....).  

De „Spielflur“, dee vum Architekt virgesi war, gouf vun der Equipe all Spillfläch ëmgewandelt an déi traditionell Klassesäll goufen zu Funktiounsraim. Ab der Rentrée 2017/2018 schafft och d’Spillschoul mat Funktiounsraim. D’Maison Relais ass och am selwechte Gebai.  

 

Sou gesäit Kooperatioun bei eis aus:


Funktiounsraim am Alldag 

“Wann een Raim, Material, Personalressourcen a fachlech Kompetenz zesummeleet, huet ee méi Méiglechkeeten an et kann een eppes ganz Neies entstoe loossen"  (Léierin, Précoce).   

 

All Aktivitéit huet säi Fräiraum  

D’Kanner sichen am Fräispill hier Plaz eraus wou a mat wem si gäre spille wëllen, si wielen ob si léiwer bauen, molen, puzzelen oder a Rou fir sech liesen wëllen. All Aktivitéit huet säi Fräiraum.  

Nieft villen anere Changementer, gëtt et ab der Rentrée 2017/2018 keng Pulte méi am Précoce, dat heescht et entsteet méi Plaz fir d’Funktiounsraim.  

Eng nei Qualitéit fir d’Kanner a fir d’Léierpersonal  

“D’Equipe fillt sech elo méi staark wéi virdrun, wéi jidderee fir sech geschafft huet. Mir hu nach ëmmer zesumme geschafft, mee net an deem Mooss. Mir sinn zu engem wierklechen Team zesummegewuess, wat d’Aufgaben, d’Verantwortung an d’Arbecht mateneen deelen ubelaangt” (Léierin Précoce).  

D’Equipe vum C1 huet eng Prozess Begleedung fir de Projet “Funktiounsraim” ëmzesetzen, déi vum IFEN bereet gestallt gëtt.  

D’Kanner gi moies tëschent 9h15 an 9h45 an hirem Rhythmus an de “Restaurant” (ee Funktiounsraum); do kënne si poteren oder sech beim Iessen eng Auszäit huelen.   

Den C1 huet säin eegenen Turnraum, dee fir d’Fräispill an Aktivitéiten ëmmer disponibel ass.  

 

Zesummen an engem Gebai 

D’Integratioun vu Maison Relais a Schoul an engem Gebai bedeit dat d’Kanner net mussen eraus. Si kënnen ouni Ënnerbriechung duerch Jackett a Schung undoen einfach an en aneren Deel vum Gebai goen. Fir d’Mëttegiesse kënnt d’Personal vun der Maison Relais d’Kanner an d’Klass sichen a bréngt se och nees zréck.  

 

Cycle-iwwergräifend Zesummenaarbecht 

De Précoce an d’Spillschoul schaffen enk zesummen, fir dass d’Kanner aus dem Précoce d’Léierinnen aus der Spillschoul scho kennen an och d’Raimlechkeeten (an d’Spillschoulskanner). Op des Art a Weis ass den Iwwergang an d’Spillschoul fléissend a stellt fir d’Kanner keng grouss Emstellung duer.  

Am 3. Trimester, wann den C4 säi Programm duerch huet, gi gemeinsam Aktivitéiten organiséiert, wou déi “grouss” an déi “kleng” zesummen eppes ënnerhuelen.  An Zukunft ass och esou eng Zesummenaarbecht mam C2 geplangt (fir och den Iwwergang vum C1 an den C2 fir d’Kanner ze erliichteren). 

An der Konferenz treffen sech all zwou Wochen d’Equipe vum Précoce mat der Equipe vun der Spillschoul. Tëschent dëse Concertatiounen gesinn d’Equippen ech an hirem Beräich fir d'Aktivitéiten ze plangen a virzebereeden.  

 

Ouverture no baussen 

Elteren a Famill kënnen zu all Moment an de Précoce mat de Kanner Aktivitéiten ënnerhuele kommen (dat gëtt am Viraus geplangt). 

D’Kanner gi regelméisseg an engem gemëschte Grupp an Aktivitéiten mat den eelere Lait man.  

D’Equipe vum Précoce ass oppe fir Hospitatiounen vun anere Schoulequippen. 

 

Wann Dir weider Froen hutt oder mat der Equipe a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech beim francoise.weydert@education.lu