Ufanks hu vill Leit bei Eis Schoul gemengt, si wiere fir alles zoustänneg an et goufe sou munch Konflikter well d’Organisatiounsstrukturen a Responsabilitéiten net kloer verdeelt waren. Elo sinn Tâchen, Strukturen a Prozeduren ausdrécklech beschriwwen a jiddereen ass fir dat zoustänneg, wat hien oder si vun der Professioun hier kann.
Eng Fro déi sech als besonnesch kniwweleg erwisen huet, waren d’Transitiounen tëschent der Grondschoul an der außerschoulescher Betreiung (außerschoulesch Betreiung nenne mir "Eis Schoul Paradiso":
Fir eng Léisung ze fannen, huet jidderee misse “Waasser a säi Wäi schëdden”, sou d’Coordinatrice vun der außerschoulescher Betreiung. Elo ass all Educateur/trice diplômé/e zäitweis als Tuteur/trice an enger Klass a begleet d’Kanner an d’Kantinne. Esou klappt och den Informatiounsaustausch tëscht dem formalen an dem non-formale Beräich.
D’Educateurs gradués ënnerstëtzen d’Schoul an Paradiso bei der Betreiung vun den Kanner à besoins spécifiques an hëllefe Wäerter vun Demokratie an Inklusioun ëmzesetzen.
All Klass huet ee Klasserot, deen emol an der Woch zesumme kennt an iwwer d’Doleancë vun de Kanner schwätzt.
Am SchülerInneparlament sinn zwee Delegéierter aus all Klass vertrueden. Hier Ufroe ginn un de Comité weider, an deem och Personal aus der MRE vertrueden ass.
Am Paradiso gëtt et ee Conseil d’élèves périscolaire (CEP). All zwou Woche beschwätzt de CEP mam Personal vum Paradiso d’Doleancë vun de Kanner.
Am gemeinsame Portfolio gëtt nieft de Cyclen och Paradiso (als “C5”) hire Feedback zu den dräi Beräicher Projetsaarbecht, Wierkstat a perséinlech Entwécklung.
Am Bilan, deen an Eis Schoul opgebaut ass wéi eng Zäitschrëft, gëtt et net nëmme Feedback vum Personal aus der Schoul, mee och eng Säit fir d’Leit aus der Maison Relais.
D’Léierpersonal intervenéiert an der périscolairer Zäit, z.B. während dem Appui.
D’Educateurs/trices diplômés ënnerstëtzen d’Léierpersonal duerch den Tutorat an der Schoul. Bei 130 Kanner an Eis Schoul, ass jidder Tuteur/trice am Schnëtt fir 15 Kanner zoustänneg.
Am Kader vun der Projetsaarbecht, déi all Freides während véier Stonnen um Programm steet, iwwerhuelen d‘Gradué/en an d’Diplômé/en zesumme mat de Léierpersounen eng definéiert Aufgab.
Vill Säll ginn duebel genotzt. Fir all Sall gëtt et zwou responsabel Persounen a bestëmmte Material gëtt an engem Schaf zougespaart. Wann d’Reegelen net agehale ginn, gëtt via Mail ee Rappel un d’Leit alleguerten erausgeschéckt. D’Kommunikatioun leeft iwwer Gruppe-Mailen, z.B.comite@eisschoul.lu der educateurs@eisschoul.lu
D’Coordinateuren/-tricen vun de Cyclen an dem Paradiso treffen sech eemol am Mount fir sech auszetauschen.
Eemol am Joer ginn déi zwou Ekippen an eng gemeinsam Formatioun.
All 6 Méint maachen d’Ekippen vun der Schoul an dem Paradiso de Bilan wat gutt oder manner gutt gelaf ass. Am Kader vun der Schoulentwécklung mécht de Comité eng Synthese vun dësem Bilan, déi nees zréck an de PRS mat era fléisst.
Fir sech weiderzëentwéckelen ass et wichteg e gemeinsamt Verständnes vu Kooperatioun ze fleegen an all Acteuren um Terrain an dës Diskussioune vun der Schoulentwécklung anzebannen.
Och an eisem kloer definéierte Kader wëlle mir flexibel bleiwen. Kooperatioun funktionéiert nëmme wann ee bereet ass, een deem aneren entgéint ze kommen.
Wann Dir Froen zu der Kooperatioun an Eis Schoul hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech op: kooperatioun-bildung@script.lu