D’Jean-Jaurès Schoul zu Esch ass eng Ganzdagsschoul: d’Kanner kënnen hei vu 7 Auer moies bis 7 Auer owes encadréiert ginn. Eng Equipe aus Enseignanten an Educateuren plangt d’Deeg, sou dat d’Grenzen tëscht Schoul a Maison relais deelweis ganz verschwannen.
“An der Jean Jaurès Schoul gëtt et ee Konzept fir d’Grondschoul an d‘Maison Relais, woubäi déi zwee Begrëffer opgrond vum Charakter vun der Ganzdagsbildungsstruktur net niefteneen existéieren.”
D’Konzept gouf ausgeschafft vun enger Rei Léierpersoune, mat der Ënnerstëtzung vum SCRIPT. Vun Ufank un war et e Projet deen op vill Engagement berout huet, deen sech iwwer déi lescht 10 Joer weiderentwéckelt an mëttlerweil sou munch Erfolleger opweises huet. Léieren a liewen ginn hei kombinéiert fir eng Plaz ze schafen op där sech Kanner, Personal an Elteren wuel fillen an zesumme wuesse kënnen.
An der Jean-Jaurès-Schoul gëtt et eng Persoun déi fir de formale an de non-formale Beräich gläicher moossen responsabel ass. D’Koordinatioun tëscht dem/der PresidentIn an dem/der Chargé/e de direction fält an deem Sënn ewech.
“Ënnerschiddlech Hierarchien verhënneren eng gutt Kooperatioun éischter wéi se se fërderen. Si droen oft zu Konflikter tëscht den Equipe bäi.”
All Persoun an der Equipe huet eng Aufgabebeschreiwung op der Basis vum Gesetz vun 2009. An der Entwécklung vun der Schoul goufen dës Beschreiwungen erweidert fir sech de Besoinen vun der Struktur unzepassen. All Cycle-KoordinatorIn muss och am Comité sinn, esou wei och ee Ed. Gradué an ee Ed. Diplômé vertruede sin.
D’Konzept op deem de Fonctionnement vun der Struktur baséiert gëtt gemeinsam weiderentwéckelt an ëmgesat. Wichteg Viraussetzungen fir dat dat geléngt sinn:
Reflexioun: säin eegent Denken an Handelen a a Fro stellen
Oppen Diskussiounen
Eng multidisziplinär Equipe
Sech Qualitéitskritäre ginn
“Deelen” gëtt grouss geschriwwen, et si net “meng Kanner”, “mäi Sall”, “meng Tafel” a “meng Kräid”. D’Ressourcen kënne vun alle Memberen vun der Communautéit genotzt ginn. Och d’Kanner gi vun Ufank un un dës Aart a Weis fir Ressourcen ze gesinn erugefouert.
D’ Schoul schwätzt vun an denkt a multifunktionellen Säll a net a Klassesäll. Fir d‘Gestaltung vum Raumkonzept souz d‘Ekippe vun der Schoul mam Architekt zesummen um Dësch an et gëtt am Alldag vum Personal weiderentwékelt.
D’ Funktioun vun de pädagogesche Aktivitéiten, déi an engem Raum statt fannen, ass definéiert. Wann de Sall disponibel ass gëtt en genotzt.
D‘ Vernetzung mat aneren Acteuren, wéi zum Beispill der Divisioun Développement scolaire vum SCRIPT hëllefen de Responsabelen d'Prozesser ëmmer erëm kritesch ze hannerfroen a weider ze entwéckelen an ze verbesseren.
Wann Dir Froen zu der Kooperatioun an der Jean Jaurès hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech beim christophe.berens@villeesch.lu