D’Kooperatioun tëscht de Grondschoulenan der Maison Relais zu Suessem ass lues a lues gewuess. Schon iert d’Maison Relais 2001 an d’Liewe geruff gouf, gouf et eng ausserschoulesch Betreiung vu Schoulkanner an där d'Enseignanten eng aktiv Roll haten. Wéi d’Maison Relais verschidden Tâchen iwwerholl huet, huet d’Léierpersonal sech an enger éischter Phase e bëssen zréckgezunn.
Lues a lues sinn d’Leit awer nees openeen zougaang an, d'Beréierungsängscht si méi kleng ginn. Et war fir dee Prozess wichteg dat déi Verantwortlech an de Strukturen iwwer länger Zäit déi selwecht bliwwe sinn, sou dat eng Vertrauensbasis konnt geschaf ginn.
Natierlech gouf et dobäi och ëmmer mol erëm Diskussiounen:
“Déi ënnerschiddlech Opfaassung vu Hausaufgabenhëllef, an domat verbonnen, déi ënnerschiddlech Erwaardunge vun den Elteren a vum Léierpersonal hunn sech bei eis als Knackpunkt vun der Kooperatioun erwisen. Iwwert Gespréicher an eng intensiv Ausernanersetzung konnt dat awer zu engem groussen Deel geléist ginn.”
Mam Airtramp: d’Maison Relais Personal huet d’Formatioun, dat concernéiert d’Schoulpersonal vläicht net. D’Maison Relais geet heiansdo mat an d’Schwämm wann Demande aus der Schoul kënnt an d’Personal d’Méiglechkeet huet fir anzesprangen.
D’Journée "Gesond Iessen" gëtt ofwiesselnd vu Schoul a Maison Relais an de verschiddene Schoulsecteuren organiséiert. Zum Beispill bereeden hei d'Kanner an der Schoul hiert gemeinsamt Mëttegiesse vir.
Vakanznomëtteger gi vu Léierpersonal a Maison Relais Personal gemeinsam Oorganiséiert an duerchgeféiert.
Schoul- a Sportfester ginn Hand an Hand vun der Maison Relais an der Schoul organiséiert.
De Mini-Bus vun der Maison Relais huet d’Schoul genotzt fir hir Kolonie an der Schwäiz. Op verschiddene Plazen huet d’Maison Relais hier fest Plaz an der Grondschoul, zum Beispill an der Grondschoul Bieles Post si verschidde Raim um 2. Stack fir d’Maison Relais reservéiert.
Am Précoce schafft nieft dem Personal vun der Maison Relais etappeweis och Léierpersonal an edukativt Personal aus der Schoul. Op des Aart a Weis brauch et vu 7h00 bis 18h30 wéineg verschidden Persoune fir d’Betreiung. Zanter 2014 hu mer an der Gemeng de Projet Maison Relais-Précoce op zwou Plazen.
De Congé Maternité vun der Éducatrice aus dem Précoce gëtt vun enger Éducatrice aus der Maison Relais ersat.
Am Kader vun hirem Appui pédagogique bitt d'Schoul punktuell hir Hëllef bei den Hausaufgaben un.
Huelen déi Responsabel vun der Schoul a vun der Maison Relais un de jeweilege Gremien vun dem aneren deel: Reuniounen am “Comité de Cogestion”, Schoulkommissioun, Commission inclusion scolaire, Commission de Surveillance de la Restauration Scolaire.
Huet d'Gemeng weider Gremien opgebaut, wéi d'Plateforme sociale, an där d’Schoul an d’Maison Relais fest Membere sinn. De Plan d’Encadrement Périscolaire (PEP) huet dës Iwwerschneidunge dunn zousätzlech institutionaliséiert.
Huet de Schäfferot op de gemeinsame Impuls vun der Maison Relais an der Grondschoul hin, e Relais d’Accompagnement Socio-Educatif (RASE) an d’Liewe geruff ginn fir de Kanner a Famille mat besonnesche Bedierfnesser eng ganzheetlech Ënnerstëtzung kënnen ze ginn.
“Mëttlerweil si mer quasi op dem Punkt datt wann d’Léierpersonal eng Sortie organiséiert wou d’MRE horaireméisseg concernéiert ass, d’MRE dat pour Information gemailt kritt. Fir d’Schoulpersonal ass et zum Beispill grad esou normal am Fall vun enger Kichenaktivitéit d’Kiche vun der MRE unzefroen an zougestanen ze kréien. Bei Schoul- a Sportsfester ass d'Zesummenaarbecht och ganz enk.”
Et ass wichteg dat déi Responsabel d’Kooperatioun virliewen fir sou Beréierungsängschten tëscht dem Personal vun der Maison Relais an der Grondschoul an eventuelle Stolpersténg an de Käpp vun de Leit entgéintzewierken.
Immens wichteg ass et weiderhin fir sech géigesäiteg an d’Organisatioun matanzebezéien. Mir wëllen dat zäitlech sou organiséieren dat et nach besser an den Alldag passt.
Eng Kontinuitéit vum Personal ass eis wichteg, fir dat d’Leit eng Relatioun ënnert sech an och zu de Kanner an hiren Elteren kënnen opbauen.
E bësse Kappzerbrieches bréngt ëmmer erëm den ënnerschiddleche Statut an déi ënnerschiddlech Ausbildung vum sozial-pädagogesche Personal an de Maison Relais a vum Léierpersonal an de Schoulen; an domat verbonnen, de Standing an d’Selbstwäertgefill vum Personal aus de Maison Relais. Och d’Educatrice an den Educateur an der Schoul huet aner Aarbechtskonditioune wéi d’Léierpersoun.
Wann Dir Froen zu der Kooperatioun an der Gemeng Suessem hutt oder mat der Ekipp a Kontakt triede wëllt, da mellt Iech op: kooperatioun-bildung@script.lu