Wéini: Dënschdes, de 24. Januar 2023 vu 16.45 bis 20.00 Auer
Wéi/ Wou: online iwwer Teams
Wat: An dësem CoLab-Workshop ass nieft dem Personal aus der formaler Bildung ausdrécklech d’Personal aus der non-formaler Bildung invitéiert, fir zesummen iwwer de Plan d’études an iwwer gemeinsam Ziler an Handlungsfelder ze diskutéieren.
Am CoLab wäerten eis e. a. follgend Froen interesséieren:
•Wéi eng villfälteg Léierméiglechkeete bitt den non-formale Secteur? Wou leiend’Iwwerschneidungen a Vernetzungsméiglechkeeten zur formaler Bildung an dem Pland‘études?
•Bei der Ausbildung vu wéi enge Schlësselkompetenze kënne béid Säiten sechbeschtméiglech ergänzen, a wéi kann dat erreecht ginn?
•Wéi ginn d‘Bildungs- a Betreiungsstrukture mam Theema ‚Hausaufgabenhëllef‘ ëm?
•Wéi kann d’Zesummenaarbecht an e strukturéierten Dialog tëscht formaler an non-formaler Bildung gutt geléngen?
Déi zentral Aussoe vun dësem CoLab ginn an engem Rapport zesummegefaasst, deen um Site vun der Divisioun fir Curriculumsentwécklung (http://www.curriculum.lu) publizéiert gëtt.
Méi Informatiounen an Umeldung: (Bis den 13.01.2023):
Als Personal vun der non-formaler Bildung notzt Dir fir d’Aschreiwung wgl. dëse Link: https://ssl.education.lu/eduSurvey/index.php/425844?lang=de
Als Personal vun der formaler Bildung fuert wgl. iwwer de IFEN.
D’Acteuren aus dem non-formale Beräich kréien de CoLab-Workshop iwwert de SCRIPT mam Support vum SNJ als Formation continue attestéiert. Méi Informatiounen zu all de CoLaben an dem Projet fannt Dir op www.curriculum.lu. Bei Froen an Ureegunge kontaktéiert curriculum@script.lu, Telefon: 247-65210 / 247-85922.